This browser doesn't support Spotify Web Player. Switch browsers or download Spotify for your desktop.

Um Roude Canapé - mam Eric Weirich - Episod 01

By Um Roude Canapé

"Um Roude Canapé" ass eng entspaante Gespréichsronn mam Packo Gualandris, opgeholl an den Oberkorn Studios. Hei gëtt regelméisseg virun allem iwwer Politik geschwat an dat mat Acteuren aus deem Beräich...awer net nëmmen. D'Konzept ass einfach: Et kënnt pro Episod een oder och mol e puer Inviteeën an de Studio déi sech op de roude Canapé sëtzen an e puer Froë betreffend sie selwer oder hir Organisatioun respektiv hir Partei beäntweren. Dat Ganzt gëtt dann als Video op de verschiddene soziale Medien online gesat. Donieft kënnt dir "Um Roude Canapé" dann och gemittlech ënnerwee oder Doheem op Spotify & Co. lauschteren. An dëser éischter Episod schwätzt den Eric Weirich vun "Déi Lénk" iwwert säi Werdegang an der Politik, wéi et fir hien am Moment am Déifferdenger Gemengerot leeft a wéi hien hei empfaange gouf. Hien erklärt ausserdem wat de Rotatiounsprinzip vun "Déi Lénk" ass a firwat et e gëtt. Zum Schluss erzielt hien eis dann och nach wat an Zukunft alles esou bei him usteet. Lauschtert eran an wann dir den Eric op der Strooss gesitt da schwätzt e gären un, et ass e ganz feine Kärel! :)

Listen to Um Roude Canapé - mam Eric Weirich - Episod 01 now.

Listen to Um Roude Canapé - mam Eric Weirich - Episod 01 in full in the Spotify app